Neiegkeeten 

 

 De Planning vun de Couren vum Oktober, November an Dezember 2018 as elo ënnert der Rubrique " agenda"  disponibel.Fir Iech anzeschreiwen, kënnt Dir eise Formulaire um Internetsite ausfëllen oder direkt bei eis an de Büro kommen.

 

 

 

 

 

 

 

- secrétariat

 

 

 

Membre vum CA

 

 

Jessie Hubert : Présidente

Rezarta Bllaca : Vice-présidente

Anne Exbrayat : Secrétaire générale

Hélène Daverdisse : Trésorière

Guy Reger : Administrateur

Nancy Colin Laitrefina : Administratrice

Abdou Sané : Administrateur

De Centre de Formation Lucien Huss

Eise Centre ass am Joer 2008 gegrënnt ginn an en ass haut haaptsächlech een
Treffpunkt fir Migranten aus der ganzer Welt déi souwuel Sprooche wéi och
Informatik léiere wëllen.

Zënter September 2013 hu mir iwwer 250 Sproochecoursen am Franséischen,
Lëtzebuergeschen, Däitschen, Engleschen an am Arabesche ginn. Iwwer 3700
Apprenanten hu sech bei eis ageschriwwen, an eisen Alphabetisatiounscours
a franséischer Sprooch huet och een enorme Succès bei de Migranten.

Eise Veräi probéiert de Pluralismus ze erzilen, fir ee bessert
Zesummeliewen tëschent eise Bierger an eng besser Kommunikatioun ze fërderen.

 

 

 

Eis Ziler sinn :

  

1. De Leit eng besser « Réinsertion Professionelle » ze erméiglechen

2. Eng besser sozial Integratioun vun eise Migranten

3. Eng sozial Mixitéit/Vilfalt an eng Staatsbiergerschaft ervirzeruffen.

 

I. Eng besser « Réinsertion Professionelle » fir Migranten heescht:

  • déi berufflech Kompetenzen unhand vu Sproochen- an Informatikscoursen
    z'entwéckelen oder/an se ze verbesseren.
  • Mir schaffen an enker Zesummenaarbecht mat anere Strukture wéi z.B.
    der ADEM, mir informéieren d'Apprenanten iwwert déi divers Strukturen déi
    sech ëm d'Beruffsliewen hei zu Lëtzebuerg bekëmmeren: Mir hëllefen hinnen
    ee Liewenslaf ze maachen, eng 'Lettre de Motivation' ze schreiwen, oder sech
    fir een Entretien virzebereeden.

 

 

II. Eng besser sozial Integratioun vun eise Migranten :

Fir der Versuchung déi se kéinten hu fir sech z'isoléieren entgéintzegoe maache mir
kulturell Aktivitéite wéi z.B. Muséeën an Ausstellunge kucke goen, kulturell Ausflich an der Stad,an de Stater Quartiere mee och an aner Stied zu Lëtzebuerg. Mir organiséieren all Joer e Fest wou eis Apprenanten invitéiert sinn an huelen u verschiddene kulturelle
Manifestatiounen deel.

 

  

III. Eng sozial Mixitéit/Vilfalt an eng Staatsbiergerschaft ervirruffen :

  • D'Geschicht vum Land, der Stad, der Geographie vum Land besser kenne fir sech besser integréieren ze kënnen, an dat, unhand vu kulturelle Visite vu
    Stied oder Institutiounen.
  • Mir bréngen eis Apprenanten dozou, sech fir d'Evenementer am Land
    z'interesséieren andeems mir hinnen d'Kultur vum Land, d'Gewunnechten an
    d'Traditiounen erklären. Dofir schaffe mir Hand an Hand mat verschidde Partner wéi z.Bsp. der Amitié-Portugal-Luxembourg (APL).

Mir schaffen och mat der SNAS, dem OLAI, der ADEM, dem CIGL an aner
Associatiounen zesummen, déi déi selwecht Ziler hunn.

Eist Team besteet aus kompetente Proffen déi och engagéiert Benevole sinn a mir hu
mat der Zäit ee positiven an zolitte Ruff kritt deen d'Qualitéit vun eise Course
beschreift. Dëst gëtt bewisen duerch déi ëmmer méi grouss Unzuel vun Apprenanten an doduerch och eng ëmmer méi héich Unzuel vu Mataarbechter.