OUVERTURESZÄITEN:

 

De Büro as op:

Méindes, vun 14.00 bis 17.30

Donneschdes, vu 14.00 bis 17.30

Freides, vu 9.30 bis 13.00

 

 

Mir äntweren um Telefon :

Dënschdes an Donneschdes vun 9:30 bis 12:30

Dënschdes a Mëttwoch vu 14:30 bis 17:30

 

Membre vum CA

 

Anne Exbrayat : Présidente

Rezarta Bllaca : Vice-présidente

Hélène Daverdisse : Trésorière

Nassim Tahir : Secrétaire

Nancy Colin Laitrefina : Administratrice

Abdou Sané : Administrateur

Paul Ioanid : Administrateur

Mikel Trako : Administrateur

 

De Centre de Formation Lucien Huss

Eise Centre ass am Joer 2008 gegrënnt ginn an en ass haut haaptsächlech een
Treffpunkt fir Migranten aus der ganzer Welt déi souwuel Sprooche wéi och
Informatik léiere wëllen.

Zënter September 2022 hu mir iwwer 300 Sproochecoursen am Franséischen,
Lëtzebuergeschen, Däitschen, Engleschen an am Arabesche ginn. Iwwer 5000
Apprenanten hu sech bei eis ageschriwwen, an eisen Alphabetisatiounscours
a franséischer Sprooch huet och een enorme Succès bei de Migranten.

Eise Veräi probéiert de Pluralismus ze erzilen, fir ee bessert
Zesummeliewen tëschent eise Bierger an eng besser Kommunikatioun ze fërderen.

Eis Ziler sinn:

1. De Leit eng besser "Réinsertion Professionelle" ze erméiglechen

2. Eng besser sozial Integratioun vun eise Migranten

3. Eng sozial Mixitéit / Vilfalt an eng Staatsbiergerschaft ervirzeruffen.

I. Eng besser "Réinsertion Professionelle" fir Migranten heescht:

  • déi berufflech Kompetenzen unhand vu Sproochen an Informatikscoursen
    z'entwéckelen oder/an se ze verbesseren.
  • Mir schaffen an enker Zesummenaarbecht mat anere Strukture wéi z.B.
    der ADEM, mir informéieren d'Apprenanten iwwert déi divers Strukturen déi
    sech ëm d'Beruffsliewen hei zu Lëtzebuerg bekëmmeren. Mir hëllefen hinnen
    ee Liewenslaf ze maachen, eng 'Lettre de Motivation' ze schreiwen, oder sech
    fir een Entretien virzebereeden.

II. Eng besser sozial Integratioun vun eise Migranten:

Fir der Versuchung déi se kéinten hu fir sech z'isoléieren entgéintzegoe maache mir
kulturell Aktivitéite wéi z.B. Muséeën an Ausstellunge kucke goen, kulturell Ausflich an der Stad,
an de Stater Quartiere mee och an aner Stied zu Lëtzebuerg. Mir organiséieren all Joer e Fest
wou eis Apprenanten invitéiert sinn an huelen u verschiddene kulturelle Manifestatiounen deel.

III. Eng sozial Mixitéit / Vilfalt an eng Staatsbiergerschaft ervirruffen:

  • D'Geschicht vum Land, der Stad, der Geographie vum Land besser kenne fir sech
    besser integréieren ze kënnen, an dat, unhand vu kulturelle Visite vu
    Stied oder Institutiounen.
  • Mir bréngen eis Apprenanten dozou, sech fir d'Evenementer am Land
    z'interesséieren andeems mir hinnen d'Kultur vum Land, d'Gewunnechten an
    d'Traditiounen erklären. Dofir schaffe mir Hand an Hand mat verschidde Partner
    wéi z.Bsp. der Amitié Plurielle (APL).

Mir schaffen och mat der SNAS, dem OLAI, der ADEM, dem CIGL an aner Associatiounen
zesummen, déi déi selwecht Ziler hunn.

Eist Team besteet aus kompetente Proffen déi och engagéiert Benevole sinn a mir hu
mat der Zäit ee positiven an zolitte Ruff kritt deen d'Qualitéit vun eise Course beschreift.
Dëst gëtt bewisen duerch déi ëmmer méi grouss Unzuel vun Apprenanten an doduerch
och eng ëmmer méi héich Unzuel vu Mataarbechter.

Info Säite vun de Formateuren:

Fir déi nei Sessioun vun de Coursen 2024-2025, hu mir eng Equipe, bestoend aus 35 Formateuren.

Si sinn alleguer qualifizéiert an agreéiert vum "Ministère de l’Éducation nationale luxembourgeois.